E Sessellift ass eng Seelbunn fir de Persounentransport, bei där a reegelméissegen Ofstänn Sëtz un engem drote Seel hänken, déi an enger Richtung ouni stallzehalen iwwer Pullië leeft, déi u Stäiler festegmaach sinn; an déi vun engem Motor ugedriwwe gëtt.

E Sessellift an engem japanesche Schigebitt.

Sessellifter erfëllen den Zweck, Leit iwwer gréisser Héichtenënnerscheeder (biergop oder biergof, oder iwwer en Dall ewech) ze transportéieren. Et gëtt der, wou d'Sëtz um Kabel festgemaach sinn, an där, wou se an der Statioun uewen oder ënnen, fir kuerz Zäit kënnen ofgekoppelt ginn, fir et de Leit sou méi kamoud ze maachen, drop oder erof ze klammen.

Am dackste fënnt ee Sessellifter a Bierggéigenden, wou Wantersport gemaach gëtt.

Zu Lëtzebuerg gëtt et een eenzege Sessellift: de Veianer Sessellift erop op en Aussiichtspunkt wou een eng schéi Vue op Veianen an op d'Buerg huet.

Déi gréisst europäesch Constructeure vu Sessellifter sinn d'Firmen Doppelmayr-Garaventa, Leitner a Poma.