Serie 21 SNCB
Nummeréierung: 2101-2160
Stéckzuel: 60
Constructeur: Elektrescht: ACEC vu Charleroi
Mécanique: CFM (BN) vun Nivelles
Baujoren: 1984-1988
Ausmusterung: Nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 84 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 18.650 mm
Héicht: 4220 mm
Maximal Achselaascht 21 Tonnen
Héchstvitesse: 160 km/h
Stroumsystemer: 3kV Gläichstroum
Leeschtung: 3000 kW

D'Lokomotive vun der Serie 21 sinn Elektrolocke vun der SNCB déi an den achtzeger Jore kaaft goufen.

Si si praktesch baugläich mat de Loke vun der Serie 27. Den eenzege groussen Ënnerscheed ass hire Motor. D'Serie 21 huet eng Leeschtung vun 3.000 kW an d'Serie 27 huet 4.150 kW.

Am Ganze goufen 120 Lokomotive bestallt, 60 fir all Serie.

D'Serie 21 gouf an zwou Tranchë vun 30 Stéck bei der CFM/BN vun Nivelles bestallt.

Si ass virun allem geduecht fir Persounenzich ze zéien, oder liicht Gidderzich. Si kënne vun de Steierween vun den Typpen M4-ADx an M5-BDx aus gefuer ginn.

Bemierkungen änneren

  • Et gëtt e klengen Ënnerscheed tëscht der éischter an der zweeter Tranche, an zwar hunn d'Lokomotive mat den N° 2131 – 2160 e klenge Kulang iwwer der viischter Fënster
  • D'Lok N° 2112 ass déi eenzeg an der Serie déi e Pantograph Failveley AX huet, änlech wéi déi aus der Serie 13 déi baugläich mat der lëtzebuergescher BB 3000 ass, a wéi déi vun den AM 96.
  • De Lëtzebuerg-Blankenberge-Express gouf an den 1990er Jore vun der Serie 21 gezunn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: SNCB Class 21 – Biller, Videoen oder Audiodateien