Serie 120 DB
Nummeréierung: Bei der Liwwerung:
120 001–005
120 101–160
No spéiderem Ëmbau:
120 201–208
120 501–502
Stéckzuel: 65
Constructeur: BBC, Henschel
Krauss-Maffei, Krupp
Baujoren: 1979–1980 (120.0)
1987–1989 (120.1)
Ausmusterung: Nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 84 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 19.200 mm
Héicht:
Maximal Achselaascht
Héchstvitesse: 200 km/h
Stroumsystemer: 15kV 16 2/3 Hz ~
Leeschtung: 5600 kW

D'Serie 120 ass eng Rei vun Elektrolokomotive vun der Deutsche Bahn AG. Si ass déi éischt a Serie gebauten Dréistroumlokomotiv vun der Welt a war dowéinst eng wichteg Etapp an der Entwécklung vu sou Maschinnen.

Versiounen änneren

Serie 120.0 änneren

D'Serie 120.0 gouf tëscht 1979 an 1980 gebaut a war déi praktesch Ëmsetzung vum Konzept "Dréistroum", e Konzept dat bis dohin nëmme bei Prototyppen existéiert huet. Op Basis vun dëse Maschinnen ass an den 1980er Joren den InterCityExpress an an den 1990er Joren d'Serie 101 entwéckelt ginn. Indirekt huet d'Serie 120.0 d'Entwécklung vun der Famill vun TRAXX Lokomotive virbereet.

Haut fiert keng vun dëse Maschinne méi.

Serie 120.1 änneren

Mat enger Héchstvitesse vun 200 km/h ass d'Serie 120 ideal fir den InterCitytrafic. Dowéinst fënnt ee se uechter ganz Däitschland virun InterCity Zich. D'Serie 120.1 fiert regulär nëmmen ee Regionalexpress, nämlech de München-Nürnberg-Express, an dat ofwiesselend mat der Serie 101 vun der DB. Et fueren haut nach 49 vun dëse Lokomotiven.

Serie 120.2 änneren

Mam Amenagement vu verschiddene Strecke fir 160 km/h, uganks am Norden, spéider am Westen, konnt den Tracé vu verschiddene Regionalexpresser iwwer déi Strecke gefouert ginn. Wëll d'Noverkéiersspart vun der däitscher Bunn awer net genuch Lokomotive fir déi Vitess hat, goufen eng Rei 120.1 ëmgebaut. D'Serie 120.2 besteet aus fënnef Lokomotiven déi fir den Asaz am Regionalverkéier mat engem Noverkéierspak ekipéiert goufen. Se krute beispillsweis elektronesch Anzeigen a goufe fir den Asaz mat den däitschen Doppelstécker Steierween nogerëscht.

Wärend se uganks nëmmen op der Streck Hamburg - Schwerin - Rostock gelaf sinn, zéie se haut och de wichtegen Rhein-Sieg-Express, deen Oochen mat Siegen verbënnt.

Serie 120.5 änneren

D'Serie 120.5, dat sinn zwou eemoleg 120.1 déi 2005 un d'DB Systemtechnik, also un déi Leit déi sech ëm den Entretien vun der Infrastruktur këmmeren, ausgeléint goufen. Zanterhier ginn domat Miess- an Testzich gefuer. Et kann ee se awer och geleeëntlech virun engem InterCity fannen, virun allem wann d'Demande grouss ass, wéi dat 2006 bei der Foussball WM de Fall war.

Fotoen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Serie 120 DB – Biller, Videoen oder Audiodateien