Sergei Michailowitsch Prokudin-Gorski

De Sergei Michailowitsch Prokudin-Gorski, (russ.: (Сергей Михайлович Прокудин-Горский), gebuer den 31. August 1863 zu Murom am Oblast Wladimir a Russland, a gestuerwen de 27. September 1944 zu Paräis) war en aussergewéinlech wichtege Pionéier vun der Faarffotografie.

Den Alim Khan, Emir vu Bakhara, op enger Foto vum Prokudin-Gorski vun 1911 (!).

No senge Chimie-Studien zu Sankt Péitersbuerg, Berlin a Paräis, huet hien ugefaange mat der Méiglechkeet, faarweg Biller ze produzéieren unhand vu schwaarz-wäiss Opnamen. 1905 hat hie säi System sou wäit perfektionéiert, datt en decidéiert war, dat ganz Zareräich op gliese Filmplacken ze dokumentéieren. Den Zar Nikololai II. vu Russland huet hien doran ënnerstëtzt an dem Prokudin-Gorski e Laissez-passer verschaaft, deen et méiglech gemaach huet, fir gespaarte Bezierker ze besichen; vum Transportminstär krut de Fotograf en Eisebunnswaggon mat Donkelkummer zur Verfügung gestallt.

Den neie Procedé fir Faarfopnamen, déi net konnte gedréckt, mä nëmme projezéiert ginn, huet doraus bestanen, dräi monochrom Filmplacken kuerz hannereneen ze beliichten, an zwar déi eng duerch e Routfilter, déi zweet duerch e Blofilter an déi drëtt duerch e Gréngfilter. Bei der Projektioun duerch ugepasste Filtere war dann e faarwegt Bild ze gesinn.

Tëscht 1909 an 1912 an am Joer 1915 war de Prokudin-Gorski ënnerwee, fir Kléischter, Fabrécken an den Alldag vun de Leit op senge Glasplacken ze veréiwegen. Doraus ass eng eenzegaarteg Sammlung vun 2.607 Fotoen entstanen, déi d'Library of Congress 1948 vun den Ierwe vum Prokudin-Gorski kaaft huet.

1918, direkt no der Russescher Revolutioun huet hie Russland de Réck gedréit, an ass fir d'éischt an Norwegen an duerno England geplënnert, ier e sech zu Paräis néiergelooss huet, wou en 1944 gestuerwen ass.

Literatur änneren

  • Sergei Michailowitsch Prokudin-Gorski, Robert H. Allshouse (Ed.): Photographs for the Tsar: The Pioneering Color Photography of Sergei Mikhailovich Prokudin-Gorskii Commissioned by Tsar Nicholas II, 1980, Doubleday.

Um Spaweck änneren

Commons: Sergei Mikhailovich Prokudin-Gorskii – Biller, Videoen oder Audiodateien

Dat komplett Wierk vum Prokudin-Gorski op der Websäit vun der Library of Congress (en)