D'Senne (op Hollännesch Zenne), ass e belsche Floss, deen an d'Dijle leeft.

D'Senne zu Rebecq

Der Senne hir Quell ass zu Naast, bei Soignies a si leeft iwwer 103 km duerch déi dräi belsch Regiounen: Wallounien, d'Haaptstadregioun Bréissel a Flandern fir dann zu Heffen an d'Dijle ze lafen.

Zu Bréissel, dat un hiren Uwänner entstanen ass, ass d'Senne zanter 1871 kanaliséiert an zougedeckt soudatt ee se nach just plazeweis wéi zu Anderlecht bei der Schleis an zu Schaerbek bei der Kläranlag a bei der Van-Praet-Bréck. D'Egoute vun Industrie an Honnertdausende vu Leit hate s'an eng sténkeg Britt verwandelt. 2000 gouf am Süde vu Bréissel eng Kläranlag a Betrib geholl (STEP-Sud), déi d'Ofwässer vu Forest, Saint-Gilles, Uccle, engem Deel vun Anderlecht souwéi vun e puer flämesche Gemengen déi dru stoussen, kläert, wat ongeféier engem Drëttel vun den Ofwässer vu Bréissel entsprécht. Dat gekläert Waasser gëtt op der Héicht vum Boulevard International an der Rue de la Bienvenue erëm an d'Senne geleet. Eréischt 2007 gouf eng Kläranlag, d'STEP-Nord, ageweit, déi d'Ofwässer vun deene meeschte Bréisseler Gemenge kläert.

Fir de Floss bei Héichwaasser z'entlaaschte gëtt et dräi Iwwerleef déi all an de Kanal Charleroi-Bréissel lafen, dovun een zu Lembeek, den Déversoir d'Aa nieft der Schleis vun Anderlecht an een zu Molebeek e bësselche flossop vun der Schleis bei der Porte de Ninove.

Trotz deenen Anlage war et am hallwe November 2010 zu enger grousser Iwwerschwemmung am mëttelste Laf vun der Senne komm.

Nieweflëss vun der Senne änneren

Hei sinn am Ament nëmmen déi wichtegst opgezielt:

Um Spaweck änneren