D'Semois (oder Semoy a Frankräich, Simwès op Wallounesch, Setzbaach am Areler Land) ass e Floss an der belscher Provënz Lëtzebuerg an a Frankräich am Departement Ardennes.

D'Quell vun der Semois zu Arel
D'Semois bei Bouillon, hannen am Bild, d'Bréck déi bei d'Abtei vu Cordemois féiert.

Si huet hir Quellen zu Arel déi eng, an der rue de la Semois déi och als déi offiziell duergestallt gëtt, an déi aner just ënner der Arelerknippchen déi am Keller vun engem Haus erauskënnt. Den Dall vun der Semois läit an enger breeder Depressioun déi sech laanscht de Massif vun de belsche a franséischen Ardennen zitt.

Si leeft vun Arel aus iwwer Alenuewen weider op Frellen wou se an der Millegewan vu riets hiren éischten Niewefloss de Ruisseau de Freylange kritt. Am Naturschutzgebitt dat an de Suppen ëstlech vu Fouches läit, kënnt dann och vu riets d'Bierbach dran.

Am Naturschutzgebitt vun de Suppe bei Villers-Tortu leeft dann d'Routbaach dran, a gläich duerno de Ruisseau du Vivier, och allebéid vu riets.

D'Muere vu Vance bis op Tintigny sinn Zeie vu fréie Besiidlungen an där Géigend, an de Planzen- a Fossile Räichtum zitt vill Naturfrënn un.

Am 19. Joerhonnert gouf do och Truff gestach, deen als Brennmaterial benotzt gouf.

Bei Chantemelle leeft vu lénks de Ruisseau de Stockem dran, an 2 Kilometer méi spéit, just virun Étalle, gëtt se vu riets vum Ruisseau de Sivry a vum Ruisseau de l'Enclos gefiddert. Direkt no Étalle kënnt nach vu riets de Ruisseau de Montinsart dobäi.

Tëscht den Uertschafte Villers-sur-Semois a Sainte-Marie leeft se duerch e suppegt Naturschutzgebitt, d Réserve naturelle des Abattis, wou och vu lénks de Ruisseau de Rolle draleeft.

Nodeem se laanscht oder duerch Tintigny, Jamoigne, Florenville, Chassepierre, Chiny, Herbeumont, Dohan, Bouillon, Poupehan, Frahan, Rochehaut, Nohan, a Vresse-sur-Semois gelaf ass, kënnt se bei Les Hautes-Rivières op d'belsch-franséisch Grenz fir duerno, 10 km méi spéit, zu Monthermé an d'Meuse ze lafen.

Si huet eng Längt vun 210 km.

Am Ufank vum 20. Joerhonnert war den Dall vun der Semois bekannt wéinst dem Tubak deen do ugebaut gouf, an dee besonnesch als Päifentubak a Jickentubak beléift war.

Kuckeswäertes änneren

Al Schreifweisen änneren

  • Sesomiris (644)
  • Sesmarus (950)
  • Sesmoys (1104)
  • Semoir (1244)

Um Spaweck änneren


Nieweflëss vun der Meuse
Lénks : Alyse - Andon - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux -Féron - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq
Riets : Aroffe - Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne
Kuckt och : Baseng vun der Meuse
Commons: Semois – Biller, Videoen oder Audiodateien