Semiray Ahmedova

lëtzebuergesch Architektin a Politikerin

D'Semiray Ahmedova, gebuer den 21. Abrëll 1981 zu Sofia[1], ass eng lëtzebuergesch Architektin a Politikerin (déi gréng).

Semiray Ahmedova
Gebuer 21. Abrëll 1981
Sofia
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Université libre de Bruxelles
Aktivitéit Architekt, Politiker
Partei déi gréng

Hierkonft änneren

D'Semiray Ahmedova koum mat 9 Joer op Lëtzebuerg, nodeems si mat hirer Famill virum kommunistesche Regime a Bulgarie fortgelaf sinn. Ursprénglech sollt Lëtzebuerg nëmmen eng Tëschenetapp um Wee fir a Kanada sinn. Nodréiglech huet sech hir Famill dunn awer dauerhaft zu Diddeleng néiergelooss.[2]

Karriär änneren

Nodeems d'Semiray Ahmedova souwuel d'Primärschoul wéi och de Lycée (Nic Biever) zu Diddeleng gemaach hat, ass si dono op d'Université libre zu Bréissel Architektur studéiere gaangen an huet mat zwéi Masteren an Architektur an a Landschaftsplanung ofgeschloss. No hirem Studium huet si an engem Architektebüro geschafft. Dono war si als Energieberoderin bei myenergy engagéiert. Bis zu hirem Amtsuntrëtt als Deputéiert huet si fir de Ministère de l'Energie et de l'Aménagement du territoire geschafft.[3]

Si hat bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 kandidéiert, gouf awer net direkt gewielt. Den 8. Oktober 2019 ass si an d'Chamber nogeréckelt, nodeems de Roberto Traversini do demissionéiert hat,[4] a war bis d'Enn vun der Chambersessioun 2022-23 Deputéiert um Krautmaart.

Am Februar 2021 ass si an den Diddelenger Gemengerot nogeréckelt.[5] Bei de Gemengerotswale vum 11. Juni 2023 gouf si duer erëmgewielt.[6]

Referenzen änneren

  1. chd.lu. Gekuckt de(n) 05-11-2019.
  2. «Le Luxembourg m'a permis de me construire». lessentiel.lu, 9 oc. 2019.
  3. Serie - Nei Deputéiert (2): D'Semiray Ahmedova vun déi Gréng. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2019-10-29.
  4. "Une nouvelle députée." 'A la Une' op chd.lu, 8.10.2019.
  5. "Gemeindepolitik: Semiray Ahmedova (déi gréng) ist das neue Gesicht im Düdelinger Gemeinderat." tageblatt.lu, 5. Feb. 2021.
  6. Dudelange - Elections communales 2023 op elections.public.lu.]