Dës Säit beschäftegt sech mat dem reliéise Begrëff Sekt. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sekt (Homonymie).

De Begrëff Sekt bezeechent normalerweis eng reliéis Gruppéierung, déi sech vun enger etabléierter Relioun ofgespléckt huet.

De Begrëff "Sekt" ass u sech net negativ, mä neutral (Etymologie: Den Terminus kënnt vum Latäin sequor - "nogoen"). Haut huet de Begrëff awer meeschtens eng negativ Konnotatioun, well an deene meeschte vun dëse reliéise Gruppéierunge Saache passéieren, déi net mat den elementare Mënscherechter iwwereneestëmmen. Et gëllt also z'ënnerscheeden tëscht enger Sekt am reliéis-theologesche Sënn an enger Sekt am soziologesch-eethesche Sënn. Och d'Chrëschtentum war am reliéis-theologesche Sënn ursprénglech eng jiddesch Sekt. Sekte si manner wéinst dem Contenu vun hirer Léier problematesch, mä wéinst dem Konfliktpotential, dat si an hirem Entourage kreéieren.

De Begrëff Sekt, am eethesche Sënn, ka gebraucht ginn, wann e puer vu follgende Charakteristiken zoutreffen:

  • Erwaardung, datt d'Welt geschwënn ënnergeet
  • Versprieche fir d'Iwwerliewe vun de Sektememberen
  • Staark Orientéierung un enger Chefgestalt (Guru)
  • Total Disziplin an Ënnerwerfung bis zur séilescher Ofhängegkeet mat Perséinlechkeetsverloscht
  • Konditionéierung vun de Memberen, Erpressung, Gehierwäsch
  • d'Bezuele vun enger Zort vu Cotisatioun, dacks héich Zommen
  • Trennung vun der Gesellschaft an déi Gutt (déi, déi zu der Sekt gehéieren) an déi Béis (all déi, déi net zu der Sekt gehéieren)

Och wann d'Ofgrenzung schwiereg bleift, kann den Ënnerscheed tëscht enger Sekt an enger Kierch, zum Beispill am Ëmgank mat Reegelbréch, leien. Op béide Säite gëtt et Reegelen. Wann ee sech als Member vun der Kierch net drun hält, da muss een dat mat sengem Gewëssen ausmaachen. An enger Sekt allerdéngs huet een dacks mat eeschte Konsequenzen ze rechnen. Ënner Sekte versteet een dofir am Allgemengen eng Grupp mat engem Chef oder enger Haaptgrupp (Comité), déi aner Memberen ënnerdrécken a fäerten dinn, schaffen dinn, also méi oder wéineger Leeschtungsdrock opzwéngen, heiansdo souguer zwangsprostituéieren. Et ass och bekannt, dat a munneche Sekte mat diversen Drogen operéiert gëtt, fir d'Memberen zum Zweck vu Ritualen gedam ze machen an se doduerch (duerch Ofhängegkeet) nach méi fest un d'Sekt ze bannen. Wann e Member austriede well muss en a bestëmmte Sekte mat eeschte Konsequenze rechnen, souguer mat där, ëmbruecht ze ginn.

Sekte fannen Zoulaf well vill Leit sech zu kenger etabléierter Relioun méi bekenne wëllen, oder sech vun deenen enttäuscht fillen, an da bei sou Organisatiounen Alternative sichen. Dacks hunn sou Vereenegungen et op gutt situéiert Memberen ofgesi wou Ierfschaften ufale kënnen. Et ass fir Elteren zimmlech schwéier hiert Kand, oder e Familljemember, deen a sou Kloe gerode ass, erëm lasszëäisen. Do gëtt mat all méigleche psychologesche Methode geschafft fir eng psychesch Ofhängegkeet op Joren opzebauen an haaptsächlech all Relatioune mat hirer Famill ze verhënneren.

Iwwer déi ganz Mënschheetsgeschicht koum et ëmmer nees zum Ofsplécke vu Gruppen aus gestane Reliounen - vill sinn der schonn erëm ënnergaangen, heiansdo souguer duerch e Kollektivsuizid, eng ganz Rei iwwerliewen an Nischen, an e puer hu sech als nei Relioun ënner enger anerer Identitéit erëm nei etabléiert.

Um Spaweck änneren