Sede Boker, och Sde Boker (hebr.: שדה בוקר "Feld vum Mueren"), ass e Kibbuz an der Mëtt vum Negev, eppes 50 km südlech vu Beersheba un der Strooss no Mitzpe Ramon.

Dem Ben Gurion säin Haus am Sede Boker ass ewell eng Touristenttraktioun.

De Kibbuz Sede Boker zielt zu de bekanntsten israeelesche Kibbuzen. Dat ass drop zeréckzeféieren, well do den israeelesche Staatsgrënner a fréiere Premierminister David Ben Gurion säin Haus hat. Säi Graf läit nëmmen e puer Kilometer südlech vun dësem Kibbuz, bei der "Ben-Gurion-Akademie" Midreschet Ben Gurion. Dës, vum Ben Gurion gegrënnt Negev-Héichschoul befaasst sech virun allem mat der Fro vum Benotzen a vun der Entwécklung vun de Wüstegebidder. Se gehéiert zur Ben-Gurion-Universitéit vum Negev zu Beersheba.

Sede Boker gouf de 15. Mee 1952 vu fréieren Zaldote gegrënnt. Ee Joer no sengem Récktrëtt als Premierminister ass de Ben Gurion dem Kibbuz beigetratt. Hanner dëser Decisioun stoung den zionistesche Dram, "d'Wüst zum Bléien ze bréngen". Besonnesch no der israeelescher Staatsgrënnung am Mee 1948 sinn eng ganz Rei vu sou Siidlunge geschaf gi mam Zil, d'Wüst landwirtschaftlech notzbar ze machen. No puer Méint ass de Ben Gurion erëm an d'aktiv Politik zeréckgaangen an huet sech eréischt 1963 definitiv op Sede Boker zeréckgezunn, wou hien 1973 gestuerwen ass.

De Kibbuz lieft haut haaptsächlech vum Wäibau a vum Ubau vun Uebst. Kuckeswäert an der Noperschaft ass d'nabatäesch Ruinestad Avdat an d'Oas vun En Avdat.

Um Spaweck änneren

Commons: Sede Boker – Biller, Videoen oder Audiodateien

Internetsäit vu Sede Boker (hebr., z. D. och engl.)