E Sechseck oder Hexagon (vum griich. héxa, „sechs“ a γονία, gonía, „Wénkel; Eck“) ass e Polygon (Villeck), deen aus sechs Ecken a sechs Säite besteet.

reegelméissege Sechseck

Wann all 6 Säiten d'selwecht laang sinn, schwätzt ee vun engem "gläichsäitege Sechseck". Wann och nach d'Wénkelen d'selwecht grouss sinn, nennt een dat e regulären oder reegelméissege Sechseck.

Konstruktioun änneren

 

E reguläre Sechseck kann een einfach aus engem Krees konstruéieren, andeems een de Radius vum Krees sechsmol op de Bord vum Krees mat engem Zierkel iwwerdréit. Déi Punkten, déi sou entstinn, sinn d'Ecke vum Sechseck.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Hexagons – Biller, Videoen oder Audiodateien