Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Seabourn Spirit
Seabourn Pride
Seabourn Legend

Technesch Donnéeën (Iwwerbléck)
Schëffstyp: Passagéierschëff
Asaz: Croisièren
Kategorie: 5+-Stären
Gréisst: 9.975 BRT
Maschinnen: 4 Dieselmotoren
(Nomo-Bergen)
Leeschtung: 7.280 kW
Längt (i. W.): 133,81 m
Breet (i. W.): 19 m
Déifgang: 5,20 m
Vitess: 19,3 Kniet
Passagéierkapazitéit: 208
Equipage: 164
Baujoer: 1989
Bauwerft: Schichau Seebeckwerft
Bremerhaven
Zodiac: 4
Tender (50 Sëtzplazen): 2
Kabinnen: 204
Registréiert: Bahamas
Hafen doheem: Nassau
Bordsprooch/Wärung: Englesch/US$
Haaptrestaurant: 1+ 1
Baren: 3
Swimmingpoolen: 1
Whirlpools: 3
Quell: www.seabourn.com

De Seabourn Spirit ass, nieft dem Seabourn Pride an der Seabourn Legend, eent vun den dräi baugläiche Luxus-Schëffer vun der Seabourn Cruise Line, mat deenen dëse Reeder Croisièren duerchféiert.

Piratenattack op d'Seabourn Spirit änneren

 
Granatimpakt op der Säit vum Schëff

Bekannt gouf d'Schëff duerch en Ugrëff vu Pirate virun der Küst vu Somalia de 5. November 2005. D'Schëff gouf vun zwee klenge Booter mat ongeféier 12 Piraten u Bord ugegraff. Si hate Mitrailletten (AK-47) a Rakéitegranaten, eng Zort Panzerfausten, dobäi. Eng Granat huet d'Schëff getraff, an e Member vum Equipage gouf dobäi liicht verwonnt.

D'Seabourn Spirit huet sech per Long Range Acoustic Device LRAD[1] geint den Ugrëff gewiert a konnt am Zickzackkurs a Richtung offent Mier entkommen. Uschléissend ass den US-Zerstéierer USS Gonzalez (DDG-66) zu Hëllef komm a seng Sprengstoffexperte konnten d'Granat, déi net explodéiert war, sécherstellen.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Seabourn Spirit – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (en)Fonctionnement vum LRAD