Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Schockelasbotter ass eng bei Zëmmertemperatur viskös Crème, déi haaptsächlech aus Zocker, (Hiesel-)Nëss, Ueleg a Kakao besteet, an déi geduecht ass, op enger Schmier giess ze ginn.

Eng Schockelasbotterschmier

Eng vun de bekanntste Marke vu Schockelasbotter ass Nutella, dee Ferrero den 20. Abrëll 1964 zu Alba, am Piemont, eng éischt Kéier produzéiert huet. Virdrun hat Ferrero mat anere Rezepturen experimentéiert, déi Giandujot a Supercrema houschen.

Ferrero huet mat sengem Schockelasbotter en Ëmsaz vun duerchschnëttlech 640 Milliounen Euro am Joer, dat si 15 Prozent vun hirem ganze Chiffre d'affaires[Source?].