Schlassbësch (Esch-Uelzecht)


De Schlassbësch ass e Bësch an der Gemeng Esch-Uelzecht, um Doggerplateau südwestlech vum Escher Heenzebierg, eng 3 km südlech vum Zentrum vun Esch an eng 1,8 km nordëstlech vun Däitsch-Oth. Den Numm geet zeréck op eng mëttelalterlech Buerg, déi do op engem Virsprong stoung, vun där awer, ausser dem Flouernumm, näischt méi iwwreg ass.[1]

Schlassbësch
Lokalisatioun
Koordinaten 49° 27’ 52’’ N
      05° 59’ 01’’ O
Haaptholzaart(en) Buchen
Dimensiounen a Geographie
Héicht 406 m
Fläch 58 ha

Et gëtt weeder Hiweiser drop, wien d'Häre vun där Buerg waren, nach wéini se opgeriicht gouf. Schonns um Enn vum 18. Joerhonnert, op der Ferraris-Kaart, ass näischt méi agedroen, wat op eng Ruin oder Gemaiers hiweise kéint.

Uganks vum 20. Joerhonnert, an dann nees 1982 goufe Sondagë gemaach, fir d'Plaz vun der Buerg ze lokaliséieren. LIDAR-Opname vun 2019 hunn et dunn erméiglecht, de Standuert genee festzestellen.

D'Schlassanlag huet aus enger rechteckeger Baussemauer bestanen, vun 43 × 67 Meter Längt, an där en 30 × 50 Meter grousst Buerggebai stoung. Am Südost-Eck stoung e ronnen Tuerm vun op d'mannst 8 Meter Duerchmiesser. Am Nordost-Eck stoung e 15 × 9 Meter grousst Gebai.

Den archeologesche Site vum Schlassbësch gouf den 2. Juni 2021 als nationaalt Kulturierwe klasséiert.[2]

Literatur änneren

  • Theisen, J.P. Beiträge zur Geschichte des Stadt Esch an der Alzette, Kremer-Müller, 1937, S.332.
  • Zimmer, J., Die Burgen des Luxemburger Landes Band II, 19. Esch-sur-Alzette, S.67-68.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Ministère de la Culture, Commission des sites et monuments nationaux (« COSIMO »): Avis favorable pour un classement en tant que monument national vum 15. Juli 2020 (nogekuckt: 2024-02-19.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).