Schlass vu La Celle Saint-Cloud

D'Schlass vu La Celle, och Schlass vu La Celle Saint-Cloud oder le Petit Château genannt, ass e Schlass an der Gemeng La Celle-Saint-Cloud, am Departement Yvelines. Et ass am Besëtz vum franséischen Ausseministère.

Vue vum Park aus (2004).
D'Cour d'honneur.

Geschicht änneren

D'Schlass gouf um Terrain vun engem Klouschter gebaut, dat 1616 verkaaft gouf. Den Haff vum Klouschter gouf dunn zu engem Schlass ëmgebaut. Dëst huet e puermol de Proprietär gewiesselt, wourënner, zu der Zäit vum Louis XIV., den de la Rochefoucauld an, vu 1748 bis 1750, d'Madame de Pompadour.

1750 huet de Jacques-Jérémie Roussel d'Schlass kaaft an et sou ëmgeännert, wéi et haut nach no baussen hin ass. 1776 bis 1804 huet et dem Louis Pierre Parat de Chalandray gehéiert, an duerno dem Vicomte Morel de Vindé. No deem sengem Doud huet de Jean-Pierre Pescatore et vu sengen Ierwen opkaaft. Hien huet mat Hëllef vun de Landschaftsgäertner, de Bridder Bulher, de Parc nei amenagéiere gelooss. Nom Pescatore sengem Doud, 1855 huet seng Niess, d'Élisabeth Pescatore-Dutreux, d'Schlass g'ierft. Et sollt bis 1951 am Besëtz vun der Famill Dutreux bleiwen.

Den Auguste Dutreux, deen am Mee 1940 d'Groussherzogin Charlotte fir e puer Deeg op sengem Schlass empfaangen huet, wéi déi beim däitschen Amarsch an den Exil huet misse goen, huet d'Schlass de 7. Februar 1951 dem franséischen Ausseministère vermaach (Ausseminister war deemools de Robert Schuman) mat der Oplo, datt d'Schlass mat sengem Park misst erhalen a versuergt ginn.

D'Schlass gouf 1978 als Monument historique klasséiert.

Déi verschidde Proprietären änneren

  •  697-1616: Abbaye Sainte-Croix et Saint-Vincent; no 754: Saint-Germain-des-Prés;
  • 1616-1625: Joachim Sandras, Här vu Cordan, duerno Claude säi Fils;
  • 1625-1648: Jean Sibour, Conseiller du Roy;
  • 1648-1659: Christophe de Bourdeaux;
  • 1659-1670: Jean Sibour;
  • 1670-1686: Estienne Pavillon, Conseiller du Roy;
  • 1686-1706: Duc de la Rochefoucauld ënner dem Numm vun engem Stréimann, dem Gabriel Bachelier;
  • 1706-1748: François Gabriel Bachelier, 1er valet de chambre du Roy;
  • 1748-1750: Madame de Pompadour, Jeanne-Antoinette Poisson, genannt Marquise de Pompadour;
  • 1750-1772: Jacques-Jérémie Roussel, fermier général;
  • 1772-1776: Paul-François de Quelen, duc de La Vauguyon, Précepteur vum dem spéidere Louis XVI. a Staatssekretär am Ausseministère;
  • 1776-1804: Louis Pierre Parat de Chalandray, receveur général des finances;
  • 1804-1842: Vicomte Charles, Gilbert Morel de Vindé, Pair de France;
  • 1842-1844: Ierwe vum Morel de Vindé;
  • 1844-1855: Jean-Pierre Pescatore, Tubaksindustriellen a Banquier;
  • 1855-1907: Élisabeth Dutreux, seng Niess;
  • 1907-1926: Antoine Dutreux, genannt Tony, hire Jong;
  • 1926-1951: Auguste Dutreux, säi Jong;
  • 1951: Donatioun Dutreux-Noroy vum 7. Februar 1951 iwwer de franséischen Ausseminister mat Lëtzebuerger Originn Robert Schuman un de franséische Ministère des affaires étrangères.

Um Spaweck änneren

Commons: Schlass vu La Celle Saint-Cloud – Biller, Videoen oder Audiodateien