Schlass Wëntreng

Schlass an der Gemeng Schengen

D'Schlass zu Wëntreng ass e Schlass vu 1610 am Renaissance-Stil zu Wëntreng an der Gemeng Schengen. Et ass a Privatbesëtz.

Schlass Wëntreng
D'Wëntrenger Schlass (2011)
Typ Buerg,
Schlass
Land Lëtzebuerg
Gemeng Schengen
Plaz Wëntreng
Adress 27,Wäistrooss
Koordinaten 49° 30’ 07.7’’ N
      06° 21’ 13.7’’ O
Proprietär Privat
Statut Klasséiert Monument
D'Schlass vu Wëntreng ëm 1900 (Foto vum Jacques Marie Bellwald)

Geschicht änneren

D'Wëntrenger Schlass gouf ëm 1610 vum Alexandre de Musset, Här vu Féiz, baue gelooss. Et bestoung deemools aus dem Haaptgebai mat de 4 Tierm, wéi et haut och nach besteet. An der Zäit vum Drëssegjärege Krich goufe Befestegungen an e Munitiounslager ugeluecht. Am 18. Joerhonnert gouf eng Scheier mat engem 5. Tuerm ugebaut.

1938 huet den Industriellen Nick Schlesser d'Proprietéit opkaaft. Am Zweete Weltkrich gouf d'Schlass schwéier beschiedegt. Ufanks goufen däitsch, dunn, géint Enn vum Krich, amerikanesch Zaldoten dran aquartéiert. Nom Krich huet den Henri Schlesser, dem Nick säi Jong, d'Schlass nees restauréiere gelooss.

Et gehéiert elo deem sengem Jong Philippe, dee weider Restauratiounsaarbechten dru mécht[1].

De 6. Juli 2016 gouf d'Schlass mam ganzen Ëmrank op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter gesat[2].

D'Schlass ass a Privatbesëtz a kann net besicht ginn. Et ka fir Hochzäiten oder soss Feieren an Evenementer gelount ginn.

Enn 2019 gouf et zum Verkaf ugebueden[3].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Schlass Wëntreng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Château de Wintrange". Versioun vum 1. Mee 2013.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  3. "Wintringen: Neuer Besitzer für Schloss gesucht." wort.lu, 15.10.2019.