D'Schlass La Fraineuse ass e Schlass an der Sektioun Nivezé vun der belscher Stad Spa.

La Fraineuse
D'Schlass ëm 1920

D'Schlass ëm 1920
D'Schlass ëm 1920
Land Belsch
Plaz Nivezé
Koordinaten 50° 29’ 47’’ N
      05° 53’ 14’’ O
Bauzäit Enn 19. Joerhonnert
Architekt(en) Charles Étienne Soubre
Proprietär Belsche Staat
(Institut National des Sports)

Um Enn vum 19. Joerhonnert hate Vevieter Duchfabrikanten (Simonis & Pelzer) Terraine flossof vum Séi vu Warfaaz op den Uwännere vum Wayai a vum Ruisseau de la Sauvenière kaaft an do eng Villa am neoklassesche Stil mat Pierres de France (warscheinlech Comblanchien) gebaut déi sollt dem Petit Trianon vu Versailles gläichen. Nieft dem Schlass goufen nach Dependancë gebaut, wéi d'Päerdställ déi Frainnette gedeeft goufen, an d'Fermette an där de Gäertner gewunnt huet.

Am Mäerz 1918 wärend der Fréijoersoffensiv an an de leschten Deeg vum Éischte Weltkrich bis zu senger Ofdankung huet den däitsche Keeser Wëllem II. am Schlass gewunnt ier e sech den 9. November a Richtung Eijsden aus dem Stëbs gemaach huet, fir an Holland Asyl ze froen.

Am Schlass La Fraineuse gouf dunn och 1920 d'Konferenz vu Spa ofgehalen.

Duerno war et laang roueg ëm d'Schlass bis 1947 d'Stad Spa den Domaine kaaft huet well se wollt e grousse Fräizäitzentrum do oprichten. Well et un den néidege Finanzmëttele gefeelt huet ass de Projet d'Baach a gaangen. Duerno huet d'Stad probéiert dem Institut National des Sports d'Proprietéit ze verkafen.