Als Schlësselreiz gëllt bannent der Instinkttheorie e Reizmuster, dat beim Erfaassen eng Instinkthandlung ausléist. E Schlësselreiz, dee vun engem Sozialpartner ausgeet an deen d'Sozialverhale koordinéiert, gëtt als Ausléiser bezeechent. Es handelt sech ëm e Begrëff aus der klassescher Ethologie (Verhalensléier).

Eegenschaften änneren

Dëst Signal huet Symbolcharakter, dat heescht, et ass

  • einfach (nëmmen op e puer Kennzeeche reduzéiert)
  • opfälleg
  • eendeiteg

Wierkung änneren

E Schlësselreiz ass ëmmer enger bestëmmter Reaktioun zougeuerdnet.

Andeelung änneren

no der Wierkung änneren

  • et motivéiert (beaflosst d'Motivationsstäerkt)
  • et geet an eng bestëmmt Richtung (et léist eng Taxis, dat ass eng Ausrichtung op e bestëmmten Objet oder Sozialpartner aus)
  • et léist eng Endhandlung aus

no der Modalitéit änneren

  • optesch
  • cheemesch
  • akustesch

Literatur zum Theema änneren

  • Immelmann, Prof. Dr. Klaus (Erausg.), Grzimeks Tierleben. Enzyklopädie des Tierreiches. Sonderband "Verhaltensforschung", Kindler Verlag, Zürich, 1974.

Um Spaweck änneren

Commons: Fixed action patterns – Biller, Videoen oder Audiodateien