Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Schilthorn ass eng 2.970 m héich Biergspëtzt am Berner Oberland an der (Schwäiz), déi iwwer Lauterbrunnen a Mürren erreecht ka ginn.

Schilthorn
Héicht: 2.970 m
Lag: CHECHE Schwäiz
Bierger: Berner Oberland
Éischt op der Spëtzt: ??

Do bitt sech engem e phantastesche Panorama, dee vum Titlis, Jungfrau, Mönch, Eiger, iwwer d'Berner Alpen an de Jura bis zu de Vogesen an de Schwarzwald reecht.

Op d'Schilthorn kënnt e mat enger Seelbunn, déi vun 1967 un a Betrib ass an déi an 2 Sektiounen iwwer d'Zwëschenstatioun Birg op d'Spëtzt fèiert. Dës Spëtzt läit 1.320 m méi héich wéi d'Dallstatioun. Wéi se gebaut gouf, war si déi längst Loftseelbunn an Europa.

Am Panoramarestaurant Piz Gloria an op den Häng vum Schilthorn gouf 1969 den James-Bond-Film Im Geheimdienst Ihrer Majestät gedreit.

Dat eelst a populäerst Volleksschirenne vun der Welt, den Inferno-Offaartslaf gëtt all Joer, ëm den 20. Januar hei ausgedro. D'Streck vun dëser inoffizieller Langstrecken-WM féiert vum Schilthorn bis no Lauterbrunnen. Déi Bescht brauche fir dës 16 km laang Streck knapps 15 Minutten.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Schilthorn – Biller, Videoen oder Audiodateien