Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schluechtschëff Scharnhorst am Zweete Weltkrich. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Scharnhorst (Homonymie).

D'Scharnhorst war e Schluechtschëff vun der däitscher Krichsmarine am Zweete Weltkrich. Si gouf nom Gerhard von Scharnhorst genannt, deen a Preisen den allgemeng obligatoreschen Arméisdéngscht agefouert huet, a fir déifgräifend Reforme vun der preisescher Arméi verantwortlech war.

D'Scharnhorst

Spezificatiounen änneren

Geschicht änneren

- Kuckt och d'Artikele Scharnhorst-Klass (1938) a Gneisenau -

D'Scharnhorst war dat éischt Schëff vun der däitscher Krichsmarine, dat resolut vun Ufank un den Versailler Vertrag net respektéiert huet, mä däitlech iwwer déi operluecht Limitten erausgaangen ass. Am Ufank gouf se als Panzerschëff mat enger Verdrängung vu ronn 18.000 Tonne geplangt an op Kiel geluecht. Als Reaktioun op de Bau vum franséische Schluechtschëff vun der Dunkerque-Klass, gouf de Bau am Juli 1934 dunn ofgebrach, an ongeféier ee Joer méi spéit awer erëm opgeholl, fir d'Konstruktioun vun engem Schluechtschëff mat enger op 26.000 Tonnen eropgesater Tonnage. Dës geplangt Verdrängung gouf allerdéngs nach dichteg iwwerschratt. Am Zweete Weltkrich gouf d'Scharnhorst bei verschiddene Geleeënheeten agesat, dacks zesumme mat hirem Schwësterschëff, der Gneisenau (1934)

D'Versenkung änneren

D'Scharnhorst gouf de 26. Dezember 1943 bei Schluecht um Nordkap vu brittesche Schëffer vesenkt.

Um Spaweck änneren

Commons: Schlachtschiff Scharnhorst – Biller, Videoen oder Audiodateien