Schabloun:WDS 2. Juli
- ... de lëtzebuergesche Metallurg William J. Kroll (1889 - 1973) ë. a. deen no him genannte "Kroll-Prozess" entdeckt huet, deen et erméiglecht, Titan industriell ze produzéieren?
- ... déi kasachesch Haaptstad bannent manner wéi 7 Joerzéngte sechsmol den Numm gewiesselt huet?
- ... den Asteroid (255019) Fleurmaxwell no der Lëtzebuerger Äiskonschtleeferin Fleur Maxwell benannt gouf?
- ... d'Kierchtierm vun der 1858 gebauter Kierch St. Alphonse ("Paterekierch") an der Stad Lëtzebuerg, sou niddreg sinn, well se no bei der Festungsmauer stoungen a soss eng giedeleg Zilscheif gi wieren, wa se méi héich gewiescht wieren?
- ... d'Tranchée de Caster an der Belsch e 65 Meter déiwen Aschnëtt an d'Montagne Saint-Pierre ass, déi tëscht 1930 an 1933 fir den Albertkanal ugeluecht gouf?