E Schënner ass eng Persoun, där hiert Handwierk dora besteet, fir d'Déierkadaveren ewechzeschafen, ze verbrennen oder ze begruewen, respektiv d'Fleesch an d'Hait, déi iwwereg blouwen ze verwäerten. Well d'Kadaveren en ellene Geroch hunn, hunn d'Schënner meeschtens baussent dem Duerf gewunnt an do geschafft. Nieweprodukter vum Handwierk waren z. B. Läim Fetter a Salefen déi d'Schënner fir Heelzwecker preparéiert an un hir Cliente verkaaft hunn.
Munnech Schënner, hunn och als Heelpraktiker geschafft an als rau Kärelen, de Patienten, déi s'opgesicht hunn, d'Glidder erëm agerenkt. Schënner ass e Beruff, deen haut ausgestuerwen ass, nodeem d'Ofdeckerei sech industrialiséiert huet.
Zu Lëtzebuerg gëtt d'Ofdeckerei haut op industrieller Grondlag am Schwunnendall bei Luerenzweiler bedriwwen.

Schwäin déi op de Schënner waarden.