D'Schëld F, 17 ass en Hiwäisschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat an enger géier Descente en Noutwee uweist. Op engem Zousazschëld muss d'Distanz bis bei den Noutwee drop stoen.

Schëld F, 17
Noutwee
Bezeechnung F, 17
Kategorie Verkéiershiwäisschëld
Land Lëtzebuerg

Wann d'Längt vun der Descente et néideg mécht, kann d'Schëld widderholl ginn, mat der Angab op engem Zousazschëld vun der Distanz bis bei den Noutwee. D'Schëld kann nëmme gebraucht gi, wann am Ufank vun der Descente e Schëld A, 2 opgestallt ass.

D'Konfiguratioun vum Symbol kann ännere jee nodeem wou den Noutwee ugeluecht ass.

Originaltext aus dem Code de la route änneren

Artikel 107 – V. Signaux d'indication[1]
« 46. Voie de détresse – Le signal F, 17 indique une voie de détresse dans une descente raide. Il doit être complété par un panneau additionnel indiquant la distance le séparant de la voie de détresse. Il peut être répété au besoin si la longueur de la descente l'exige avec l'indication sur un panneau additionnel de la distance séparant le signal de la voie de détresse. Il ne doit être utilisé qu'ensemble avec le signal A,2a posé en amont de la descente.

La configuration du symbole peut varier selon l'emplacement de la voie de détresse par rapport à la voie publique où le signal est posé. »

Bemierkungen änneren

  • Noutweeër si relativ seelen zu Lëtzebuerg an do wou ee besteet, gëtt amplaz vum Schëld F, 17 e Schëld gebraucht, dat dem éisträichesche Schëld gläicht an net am Lëtzebuerger Code de la route virgesinn ass.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéiershiwäisschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.