D'Schëld D, 12 ass e Verkéiersgebuetsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat de Chauffere vu Gefierer déi geféierlech Gidder transportéieren, d'Richtung oder d'Richtungen ugëtt an déi si obligatoresch fuere mussen, jee nodeem wou de Feil oder d'Feiler hiweisen. Dës kënne geännert ginn, a Funktioun vun der Konfiguratioun vun der Plaz.

Schëld D, 12
Obligatoresch Richtung fir Gefierer déi geféierlech Gidder transportéieren
Bezeechnung D, 12
Kategorie Verkéiersgebuetsschëld
Land Lëtzebuerg
ageféiert 19. Dezember 2020

Ënner dem Schëld kann en Zousazschëld Modell 10 mat de Buschtawen B, C, D oder E hänken.

D'Illustratiounen hei drënner si Beispiller vum Schëld D, 12:

Originaltext aus dem Code de la route änneren

„12. Direction obligatoire pour les véhicules transportant des marchandises dangereuses – Le signal D,12 indique aux conducteurs de véhicules transportant des marchandises dangereuses la ou les directions à suivre obligatoirement selon la ou les directions dans lesquelles sont dirigées les flèches. Celles-ci peuvent être modifiées en fonction de la configuration des lieux.
Le signal peut être complété par un panneau additionnel du modèle 10 portant la lettre B, C, D ou E“

Artikel 107 – IV. Signaux d'obligation[1]

Bemierkungen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéiersgebuetsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  2. ANNEXE I - Catalogue des avertissements taxés aus dem Règlement grand-ducal du 26 août 1993 relatif aux avertissements taxés (...) et en matière de permis à points mat Ännerungen duerno, am Code de la route - Recueil de législation routière