Schëld A, 8

Verkéierswarnschëld Lëtzebuerg


D'Schëld A, 8 ass e Verkéierswarnschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat ukënnegt, datt d'Fuerbunn glëtscheg ka sinn. Ënner dem Schëld kann nach d'Zousazschëld Modell 8 ubruecht ginn.

Schëld A, 8
Glëtscheg Fuerbunn
Bezeechnung A,8
Kategorie Verkéierswarnschëld
Land Lëtzebuerg
ageféiert 23. November 1955

Originaltext aus dem Code de la route: änneren

„7. Chaussée glissante - Le signal A,8 indique l'approche d'un tronçon de voie publique où la chaussée risque d'être particulièrement glissante. Un panneau additionnel du modèle 8 peut compléter le signal“

Artikel 107 – I. Signaux d'avertissement et de danger[1]

.

Bemierkungen änneren

  • Obwuel de legalen Text virgesäit, datt d'Schëld do opgestallt gëtt wou e besonnesche Risk vun enger glëtscheger Strooss besteet, gesäit een d'Schëld A, 8 awer quasi iwwerall baussent den Uertschaften.
  • D'Schëld A, 8 gehéiert zu de Schëlter déi 1955 an der éischter Versioun vum Code de la route agefouert goufen; et war deemools ënnert der Nummer 17 vum Artikel 107 definéiert[2].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéierswarnschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  2. (fr)Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (version initiale). data.legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.