Dës Säit beschäftegt sech mat dem Gefier um Waasser: Schëff. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Schëff (Homonymie).

E Schëff ass e grousst Waassergefier dat nom Prinzip vum Archimedes schwëmmt. Vum Floss ënnerscheet et sech well et en eegenen Undrif huet, a vum Boot duerch seng Gréisst.

Passagéierschëff RMS Queen Mary 2

Schëffer ginn op Werfte gebaut. Wann de Réibau fäerdeg ass gi se mat engem Stapellaf, an d'Waasser gelooss. Duerno gi se fäerdeg gebaut. Wann e Schëff gefléckt gëtt, kënnt et an en Dréchen- oder Schwammdock.

Opbau änneren

 
Schëffsdeeler
  1. De Bug ass de viischten Deel vum Schëffsromp.
  2. De Wulstbug (Knupp um ënneschten Deel) reduzéiert Bugwell an doduerch d'Stréimungseegenschaften, a setzt den Energieverbrauch erof.
  3. Den Anker gëtt dem Schëff e festen Halt am Waasser, wann et net fiert.
  4. D'Backbordsäit ass déi lénks Säit vum Schëff (nuets rout Liicht).
  5. D'Schëffsschrauf dreift d'Schëff virun.
  6. D'Heck bezeechent den hënneschten Deel vum Schëff.
  7. De Schaarschtech ass fir d'Evakuatioun vun den Oggase vun de Schëffsmotoren noutwenneg.
  8. Den Deckopbau bezeechent all Opbauten iwwer dem ieweschten Deck.
  9. D'Uewerdeck ass dat iewescht Deck vum Schëff.
  10. D'Steierbordsäit ass déi riets Säit vum Schëff (nuets gréngt Liicht).

Beweegunge vum Schëff änneren

  • Stampfen: Beweegung ëm d'queesch Achs
  • Rullen: Beweegung ëm d'Längsachs
  • Gieren: Beweegung ëm d'Vertikalachs

Bei dës dräi Haaptbeweegunge kommen nach dräi Niewebeweegungen déi haaptsächlech vun Séigank ofhänken. Dat sinn d'säitlecht Deplacement, d'Längsdeplacement an d'Héichtendéplacement.

Kategorië vu Schëffer änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Schëffer – Biller, Videoen oder Audiodateien