Saulius Skvernelis

litauesche Politiker

De Saulius Skvernelis, gebuer den 23. Juli 1970 zu Kaunas, ass e litauesche Verwaltungsjurist a Politiker vun der Partei LVŽS (Unioun vun de Bauere an de Gréngen). Hie war tëscht Dezember 2016 an Dezember 2020 Premierminister vu Litauen.

Saulius Skvernelis
Gebuer 23. Juli 1970
Nationalitéit Litauen
Aktivitéit Polizist, Politiker

De Saulius Skvernelis war vun 2014 bis 2016 Inneminister a vun 2011 bis 2014 Generalkommissär vun der Police. Och déi Jore virdrun huet hie bei der Police, resp. als Chargé de Cours fir Poicerecht, geschafft.

No de Parlamentswalen am Oktober 2016 gouf hien den 22. November 2016 zum neie Premierminister vu Litauen ernannt. Seng Regierung gouf den 12. Dezember vereedegt.