Satellite ass e Poplidd mat deem déi däitsch Sängerin Lena den 29. Mee 2010 zu Oslo den Eurovision Song Contest 2010 gewonnen huet.

D'Lena bei enger Prouf fir den Eurovision Song Contest 2010 an der Telenor Arena an der Géigend vun Oslo

D'Melodie ass eng Zesummenaarbecht vun der US-Amerikanerin Julie Frost an dem Dän John Gordon, den Text huet d'Julie Frost eleng geschriwwen.