Santa Maria (Marskrater)

Santa Maria ass en Impaktkrater um Planéit Mars a läit um Meridiani Planum am MC-19 Margaritifer Sinus-Gradfeld. Hie läit am Nord-Westeck vum groussen Endeavour Krater an huet en Duerchmiesser vu ronn 80–90 Meter. Genannt ass de Krater no der Santa Maria, dem Flaggschëff vum Christoph Kolumbus bei senger Entdeckungsrees am Joer 1492.

Santa Maria (Marskrater)
De Santa Maria Krater. Foto opgeholl mat der HiRise-Kamera aus dem Orbit
Eegenschaften
Regioun Meridiani Planum
Koordinaten 02° 10' 19" N, 05° 26' 42" O
Duerchmiesser 80 - 90 Meter
Entdecker Opportunity
Genannt no der Santa Maria, dem Flaggschëff
vum Christoph Kolumbus

Fuerschung änneren

De Rover Opportunity hat de Krater de 15. Dezember 2010 erreecht.[1] De Rover gouf op de südëstleche Kraterrand gesteiert an do hat hien en ettlech Biller opgeholl a gouf uschléissend op eng Sonne-Konjunktioun virbereet. Déi lescht Kommunikatioun virun der Konjunktioun war den 3. Februar 2011.[2] Eng Woch méi spéit gouf d'Verbindung mam Rover nees hiergestallt an der Rover konnt mat senge Feldstudien, op de Fielse "Luis de Torres" an "Ruiz Garcia" nees weiderfueren. De Rover huet de Krater den 22. Mäerz 2011 an ëstlecher Richtung op den Endeavour Krater verlooss.

Krateren déi vun Opportunity (MER-B) besicht goufen änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Santa Maria crater – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://www.universetoday.com/81838/opportunity-shoots-awesome-views-of-santa-maria-crater/
  2. Archive copy Archivéiert op 2012-10-26. Gekuckt de(n) 2014-02-05.