De Sanaga ass e Floss am zentrale Kamerun. En entseet duerch den Zesummefloss vum Agoua an dem Djérem ronn 90 km am Nord-Nordweste vu Bertoua. Duerno fléisst e südwestlech duerch den Zentralplateau laanscht Nanga-Eboko, Monatélé an Edéa, an de Golf vu Guinea (Atlantik).

De Sanaga am Kamerun

Mat enger Längt vun 918 km ass de Sanaga de gréisste Floss am Kamerun. En drainéiert et Opfanggebitt vun iwwer 130.000 km², wat méi wéi 25% vum Staatsgebitt sinn.[1]

Biller änneren


Commons: Sanaga – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. P. Dubreuil, J. Guiscafre, .J-F. Nouvelot, J.-C. Olivry: Le bassin de la rivière Sanaga in "Monographies Hdyrologiques ORSTOM N° 3", Paräis, 1975