San Leonardo in Passiria


San Leonardo in Passiria (de: St. Leonhard in Passeier) ass eng Uertschaft a Gemeng am Passeierdall an der autonomer Provënz Bozen. Se läit op enger Héicht vu ronn 700 Meter a grenzt un d'Gemenge Moso in Passiria a San Martino in Passiria

San Leonardo in Passiria
Land Italien
Regioun Trentino-Südtiroul
Provënz Südtiroul
Koordinaten 46°48'42,815"N, 11°14'49,690"O
Fläch 89,03 km²
Awunner 3.614 (1. Januar 2023)
Héicht 689 m
ISTAT 021080

San Leonardo läit um Fouss vum Monte Giovo (de:Jaufen). An der Uertschaft ginn zwou Passtroosse fort, an zwar déi fir op d'Timmelsjoch (Passo de Rombo), an déi fir op de Jaufenpass (Passo di Monte Giovo), do wou de Waltenbach an d'Passer leeft.

Am Summer kënnt een op San Leonardo iwwer d'Timmelsjoch iwwer Staatstrooss SS 44bis vun Éisträich an iwwer de Jaufenpass mat der Staatstrooss SS 44 vu Vipiteno (de: Sterzing) aus. Am Wanter ass déi eenzeg méiglech Verbindung vu Meran aus iwwer d'SS 44.

Kuckeswäertes änneren

An Direktioun San Martino ass d'Auberge Sandwirt, d'Haus an deem den Tirouler Fräiheetskämpfer Andreas Hofer, op d'Welt koum. Net wäit dovu steet eng Kapell fir un den Hofer z'erënneren, den Andreas-Hofer Musée an e Baueremusée.

Um Spaweck änneren

Commons: St. Leonhard in Passeier – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
San Leonardo vun der Passstrooss fir op de Jaufenpass aus gesinn