De Salon d'Hercule ass ee vun de Säll am Schlass vu Versailles (Frankräich) an zielt zum Grand Appartement du Roi.

De Plaffong vum Salon d'Hercule zu Versailles

Dëse Sall gouf als éischt als Kapell benotzt éier 1710 déi aktuell Chapelle du Roi fäerdeggestallt gouf. Duerno war de Salon d'Hercule e stännege Schantjen.

Mat der Dekoratioun gouf 1712 ugefaangen an an deem Joer gouf och dat monumentaalt Wierk vum Veronese, Cena da Simone (D'Iesse beim Simon) an dësem Sall opgehaangen. Dëst Wierk, wat ëm 1570 gemoolt gouf, krut de Louis XIV. 1664 vun der Republik Venedeg geschenkt.

Nom Doud vum Sonnekinnek 1715 hunn d'Arbechten opgehalen, an et gouf eréischt 1725 weidergeschafft . Inspiréiert vum Veronese gouf de Plaffong ënner dem François Lemoine fäerdeg.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren