Saint-Pierre (Martinique)

Saint-Pierre ass eng Stad am Arrondissement Saint-Pierre am franséischen Departement Martinique, enger Karibik-Insel.

Saint-Pierre
Land Frankräich
Regioun Martinique
Departement Martinique
Arrondissement Saint-Pierre
Kanton Saint-Pierre
Postcode 97250
Gemengecode 97225
Koordinaten 14° 44’ 30’’ N
      61° 10’ 32’’ W
Fläch  3.845 ha
Bevëlkerung  4.544 (2004)

D'Stad gouf op eng traureg Aart a Weis bekannt, wéi se den 8. Mee 1902 bei Ausbroch vum Vulkan Montagne Pelée duerch eng Lawin vu gliddege Gaser, e sougenannte pyroklastesche Stroum, bal ganz zerstéiert gouf, an hir iwwer 25.000 Awunner, bis op een oder zwéin, ëm d'Liewe koumen. Virdru war si déi wichtegst Stad op der Insel.

Zanter den 1920er Jore gouf d'Stad nees opgebaut.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Saint-Pierre, Martinique – Biller, Videoen oder Audiodateien