Saint-Hubert (Moselle)

franséisch Gemeng am Departement Moselle

Saint-Hubert ass eng franséisch Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

Saint-Hubert

Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Metz
Kanton Pays messin
Postcode 57640
Gemengecode 57612
Koordinaten 49° 13’ 29’’ N
      06° 20’ 01’’ O
Fläch  1.604 ha
Bevëlkerung  197 (1999)

D'Gemeng läit am Dall vun der Canner, et ass eng ländlech Gemeng an et gëtt praktesch keng Entreprisen.

Se besteet aus den Uertschafte Saint-Hubert, Befey a Villers-Bettnach wou et fréier eng grouss Zisterzienserabtei gouf.

D'Gemeng, déi zum Site inscrit vun der Vallée de la Canner gehéiert, ass och e Village fleuri.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Saint-Hubert (Moselle) – Biller, Videoen oder Audiodateien