D'Sahara ass mat néng Millioune Quadratkilometer déi gréisst Dréchewüst vun der Äerd. Dat entsprécht ongeféier der Gréisst vun den USA oder der 3480-facher Gréisst vu Lëtzebuerg.

Satellittefoto vun der Sahara

D'Sahara erstreckt sech vun der afrikanescher Atlantikküst bis zu der Küst vum roude Mier a formt en Trapez vu 4.500–5.500 Kilometer vu West no Ost a 1.500–2.000 Kilometer vun Norden no Süden. Se gehéiert zu de Wendekreeswüsten.

D'Sahara ass gréisstendeels eng Stengwüst oder Fielsewüst (Hammada), an och eng Kresi- respektiv Geröllwüst (Serir); d'klischeehaft Sandwüst (Erg) mécht mat zirka 20 Prozent nëmmen e klengen Deel vun der Sahara aus.

Um Spaweck änneren

Commons: Sahara – Biller, Videoen oder Audiodateien