Russesch Phoneetik

(Virugeleet vu(n) Russesch Phonetik)

Am Prinzip gëtt déi russesch Sprooch geschwat wéi se geschriwwe gëtt. Mä heiansdo ginn e puer Buschtawe verschléckt oder si ginn e bëssen anescht ausgeschwat. Dës Ännerungen hänken dacks vun der Betounung vum Wuert of a vun der Positioun vum jeeweilege Buschtaf. Doriwwer eraus gëtt et puer Buschtawen, déi een net einfach sou an d'Lëtzebuergescht ëmschreiwe kann, well si nëmmen am Russeschen an an anere slawesche Sprooche virkommen.

Russescht Alphabet änneren

Informatiounen iwwer d'Aussprooch vun de russesche Buschtawe fënnt een am Artikel Russescht Alphabet.

Akanje änneren

Akanje (russ.: аканье) géif iwwersat bedeiten: "den o wéi en a ausschwätzen". Am Kloertext heescht dat, datt am Russeschen en onbetounten o bal wéi a ausgeschwat gëtt.

Beispiller:

Wuert Aussproch
свобо́дный (fräi) "sswabodny"
И́горь (Igor) "Igar"

Opgepasst!

Et soll een en onbetounten o net iwwerdriwwe wéi a ausschwätzen, well dat de Sënn oder d'Bedeitung vum Wuert ännere kann.

Beispiller:

Wuert Aussproch
пи́во (Béier) "piwa"
пи́ва (Geenitiv Eenzuel) "piwa"
сло́во (Wuert) "sslowa"
сло́ва (Geenitiv Eenzuel) "sslowa"

Et gëtt iwweregens och nach den Okanje. Dat ass de Géigendeel vum Akanje: "den onbetounten o wéi en o ausschwätzen". Den Okanje ass awer éischter an den nord- a mëttelrusseschen Dialekter, am Ukraineschen an am Polnesche geleefeg.

Ikanje änneren

Ikanje (russ.: иканье) géif iwwersat bedéiten: "de je wéi en i ausschwätzen". Am Kloertext heescht dat, datt am Russeschen en onbetounte je bal wéi i ausgeschwat gëtt. Och hei soll een net iwwerdreiwen. D'Aussprooch vun engem onbetounte je läit tëscht engem je an engem i.

Beispiller:

Wuert Aussprooch
нести́ (droen) "nissti"
введе́ние (Introduktioun) "wwidjenije"