De Rumford-Präis ass e Wëssenschaftspräis fir Physik. Hie gëtt vun der American Academy of Arts and Sciences u Wëssenschaftler, déi an den USA schaffen, fir Entdeckungen um Gebitt vun der Thermoléier an der Optik verginn.

Obwuel d'Akademie schonn 1796 vum Grof Rumford eng Stëftung vu 5.000 Dollar fir d'Erriichtung vun engem Präis krut, gouf de Präis eréischt 1839 fir d'éischt iwwerreecht. Haut ass et ee vu siwe wëssenschaftleche Präisser, déi vun der Akademie vergi ginn. De Präis soll nom Wëlle vum Stëfter all zwéi Joer vergi ginn, gouf awer a Wierklechkeet ëmmer an onreegelméissegen Ofstänn vun engem bis méi Joren ëmmer un een oder méi Wëssenschaftler verginn. Déi virleefeg lescht Präisiwwerreechung war 2008. De Präis besteet aus enger vergëlltener Sëlwermedail.

Lëscht vun de Präisdréier änneren

1839–1899 änneren

1900–1949 änneren

zanter 1951 änneren

Um Spaweck änneren