Rue Jules-Ferry

Strooss um Belval an der Gemeng Suessem

D'Rue Jules-Ferry ass eng Strooss um Belval an der Gemeng Suessem. Se fänkt un op der Kräizung mam Boulevard des Lumières an der Rue Jean-Jacques-Rousseau a geet dann eng 130 Meter Richtung Nord-Nordost, wou s'Uschloss mat der Brillstroooss (Rue du Brill) huet. D'Rue Waassertrap kënnt och do un; d'Verknëppung ass awer nach net gemaach (Stand 2020).

Rue Jules-Ferry
Längt ca. 130 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Suessem
Uertschaft Bieles
Quartier Belval
Postcode L - 4368
Koordinaten 49° 30’ 19.2’’ N
      05° 56’ 33.5’’ O

Den Numm erënnert un de franséische Politiker a Journalist Jules Ferry.

Geschicht änneren

D'Strooss gouf als en Deel vum Masterplang vum Belval ugeluecht, bei deem de westlechen Deel vun der Schmelz um Belval urbanistesch ëmgewandelt gouf.

Gebaier änneren

Biller änneren

Referenzen an Notten änneren