Rudyard Kipling

brittesche Schrëftsteller
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


De Rudyard Kipling, gebuer den 30. Dezember 1865 zu Bombay a gestuerwen den 18. Januar 1936 zu London, war e brittesche Schrëftsteller, deen 1907 den Nobelpräis fir Literatur kritt huet. Säi bekanntst Wierk ass d'Dschungelbuch.

Rudyard Kipling
Gebuertsnumm Joseph Rudyard Kipling
Gebuer 30. Dezember 1865
Mumbai
Gestuerwen 18. Januar 1936
London
Doudesursaach Schwier
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Schrëftsteller, Dichter, Romancier, Krichskorrespondent, Kannerbuchauteur, Autobiograph, Dréibuchauteur, Journalist, Science-Fiction-Schrëftsteller
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Royal Society of Literature
Famill
Bestuet mat Caroline Starr Balestier
Papp John Lockwood Kipling
Mamm Alice Kipling
Kanner John Kipling, Elsie Bambridge

Säi Liewen änneren

De Rudyard Kipling, den aus enger englesch-indischer Famill staamt, huet seng Schoul an England gemaach (1867-1886) a war duerno Journalist an Indien. Hien huet méi wéi 300 Kuerzgeschichte geschriwwen, déi an dem englesche Sproochraum groussen Uklang fonnt hunn.

De Kipling war e begeeschterten Unhänger vum engleschen Imperialismus.

Wierker änneren

E puer vum Rudyard senge bekanntste Wierker sinn:

  • The Jungle Book (1894) (Kuerzgeschichten)
  • The Second Jungle Book (1895) (Kuerzgeschichten)
  • Kim (1901)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rudyard Kipling – Biller, Videoen oder Audiodateien