De Rudolf König, gebuer den 18. Abrëll 1865 zu Wien a gestuerwen den 30. Januar 1927 zu Hietzing, war en éisträicheschen Amateurastronom.

Rudolf König
Gebuer 18. August 1865
Wien
Gestuerwen 30. Januar 1927
Hietzing
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Astronom, Kartograph
Den Duebelrefrakter vum Rudolf König ass haut am Štefánik-Observatoire zu Prag am Asaz.

De König huet d'Gymnasium zu Wien gemaach a spéider d'Handelsschoul zu Leipzig. Nom Ofschloss vu senger Schoul huet en an der Pelzgrousshandlung vu sengem Papp geschafft. Donieft goung hien a Virliesungen op der Universitéit Wien an huet sech astronomesch Kenntnesser ugëeegent.

1906 huet hien an der Wiener Kupelwiesergasse 12 bei sengem Haus en eegenen Observatoire opgeriicht. Haaptinstrument war en Duebelrefrakter mat 18 cm an 21 cm Ëffnung vum Carl Zeiss op enger massiver equatorialer Montéierung, dee fir d'Astrofotografie virgesi war.

De König huet ëmfangräich Observatioune vum Mound, vu Koméiten a Stärekéip gemaach. Hien hat 8.000 exakt Positioune vun astronomeschen Objete bestëmmt an hat e Moundatlas publizéiert.

No sengem Doud huet seng Wittfra den Duebelrefrakter der "Böhmischer Astronomischer Gesellschaft" verkaf, fir datt déi soll e Biergerobservatoire opriichten. D'Instrument gëtt haut vum Štefánik-Observatoire bedriwwen. Dem König seng ëmfangräich Fachbibliothéik an astronomesch Instrumenter ginn haut vum Universitéitsobservatoire Wien versuergt. Déi 6 m grouss Kuppel vu sengem Privatobservatoire besteet haut nach, gëtt awer net méi fir Observatioune benotzt.

Fir de König ze éiere gouf en Impaktkrater op dem Mond no him benannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Rudolf König – Biller, Videoen oder Audiodateien