De Rubjerg Knude Fyr ass e Liichttuerm tëscht Lønstrup a Løkken (Gemeng Hjørring), op der Nordmierküst an Nordjylland (Dänemark).

Rubjerg Knude Fyr

Positioun : 09° 58’ 27.74’’ E 57° 26’ 51.67’’ N
Lokalisatioun : Løkken
Baujoer : 1900
Héicht : 23 m
Liichtwäit : 42 km
Feier : all 30 Sek. e laangt wäisst Liicht
mat duerno 2 kuerze Blëtzer
Optik : 24 Fresnel-Lënsen
Lanter : oppe Flam
vun 1948 un elektresch
Ka besicht ginn : jo
Bewunnt : neen
Status : Ausser Betrib

E gouf 1900 gebaut. Vun den 1910er Joren un huet sech tëscht dem Liichttuerm an dem Mier duerch de Wand eng Dün forméiert. Dës Dün beweegt sech a Richtung Nordost an ass ewell komplett laanscht de Liichtttuerm gezunn. Vun Niewegebaier, déi emol do stoungen, si just nach Zillen do.

Well den Tuerm selwer riskéiert huet, déi géi Küst erofzefalen, wollt déi dänesch Naturschutzadministratioun en ëm 2018 ofrappe loossen. Wéinst Protester gouf dann awer decidéiert, den Tuerm eng 70 Meter an d'Hannerland ze versetzen. D'dänesch Regierung huet dofir 5 Millioune Kroune labber gemaach.[1] Dëst geschouch den 22. Oktober 2019 an enger spektakulärer Aktioun.[2],[3]

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rubjerg Knude Fyr – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Leuchtturm in Jütland wird versetzt." spiegel.de, 2018-11-15.
  2. "Spektakuläre Rettungsaktion: Leuchtturm Rubjerg Knude Fyr zieht um." Video op youtube.com.
  3. "Ein Leuchtturm zieht um." spiegel.de, 2019-10-22.