Rubicon (Belsch)

Baach an der Belsch

De Rubicon ass eng Baach an der Belsch an der Provënz Léck. Et ass e rietsen Niewefloss vun der Amblève.

Rubicon
De Rubicon an de Grotte vu Remouchamps
Hydrographesche
Baseng
Meuse
Originn
Originn ënnerierdesch Quell
Plaz Louveigné
Sprimont
Konfluenz
Leeft an d'Amblève
Plaz Remouchamps
Héicht 125 m
Geographie
Land Belsch

Et ass eng ënnerierdesch Baach, déi hiert Waasser aus Chantoire kritt, déi am Vallon des Chantoirs tëscht Louveigné a Sprimont sinn.

D'Baach leeft duerch d'Grotte vu Remouchamps an der Gemeng Aywaille. Hiren ënnerierdesche Laf ass 600 Meter laang, a si ass déi längst ënnerierdesch schëffbar Baach op der Welt.

Um Spaweck änneren

Commons: Rubicon – Biller, Videoen oder Audiodateien