Royal Greenwich Observatory

De Royal Greenwich Observatory, deen als Aarbechtsplaz fir de kinneklechen Haffastronom gebaut gouf, louch ursprénglech op engem Hiwwel am Greenwich Park zu Greenwich, London, vu wou een d'Themse konnt gesinn. Den Observatoire, geneegeholl de Mëttelpunkt vum Teleskop am Observatoire, gouf als Bezéiungspunkt fir d'Festleeë vum Nullmeridian a sou de Längtegrade gebraucht. Hie gëtt bannen am Haff duerch eng Messengsträif markéiert an zanter dem 16. Dezember 1999 beliicht e staarke grénge Laser d'Linn, déi an der Nuecht no Norden duerch London an Essex liicht.

Royal Greenwich Observatory

Geschicht änneren

Den Observatoire gouf den 22. Juni 1675 vum Kinnek Charles II vun England gegrënnt an de Bau an Optrag ginn. D'Flamsteed House (1675 - 1676), den ursprénglechen Deel vum Observatoire, gouf vum Sir Christopher Wren gebaut a war dat éischt Fuerschungsinstitut a Groussbritannien, dat speziell fir deen Zweck gebaut gouf.

  • 1675 De Royal Observatory gëtt gegrënnt.
  • 13. Oktober 1884 Op der International Meridian Conference zu Washinghton D. C. gëtt de Meridian duerch de Royal Observatory zu Greenwich als Nullmeridian festgeluecht.
  • 1948 De Royal Observatory plënnert op Herstmonceux, a gëtt de Royal Greenwich Observatory (RGO). D'Plaz zu Greenwich gëtt den Old Royal Observatory.
  • 1990 Den RGO plënnert op Cambridge. D'SLR-Ariichtung bleift zu Herstmonceux.
  • 1998 Den RGO gëtt zougemaach. D'Plaz zu Greenwich kritt den Numm Royal Observatory Greenwich a gehéiert zum National Maritime Museum.
 
GPS-Positioun vun der Nulllinn

Genee Positioun änneren

Well de modernen Nullmeridian vum haitege gebräichleche Koordinatesystem WGS84 net méi uertsfest un d'Äerduewerfläch gebonnen ass, a well de Geoid am Laf vun der Zäit puermol geännert gouf, läit den aktuellen Nullmeridian ronn 100 m ëstlech vum Observatoire.

Um Spaweck änneren

Commons: Royal Observatory, Greenwich – Biller, Videoen oder Audiodateien