D'Royal Dragoons oder och 1st Dragoons war e Kavalerie-Regiment vun der brittescher Arméi.

D'Regiment gouf 1661 gegrënnt a war am Déngscht bis 1969. Duerno gouf et mat de Royal Horse Guards zesummegeklappt fir The Blues and Royals-Regiment ze ginn.

D'Royal Dragoons war dat eelst Linne-Kavalleriesregiment vun der brittescher Arméi.

Den Titel Royal krut d'Regiment awer eréischt no 22 Joer Déngscht. Säin éischten Numm war Tangier Horse well d'Regiment zu Tanger stationéiert war fir d'Stad ze bewaachen. Tanger war an de Besëtz vun der englescher Kroun komm duerch d'Bestietnes vum Charel II. mat der Catherine vu Bragança (Catalina de Portugal).

No 22 Joer Krich géint d'Mouere koume si zeréck an England an de Kinnek gouf hinnen den Titel Royals mat der Erlabnes, den englesche Wope mam Léiw ze droen.