Royal Albert Hall

Hal zu London

D'Royal Albert Hall of Arts and Sciences ass eng Hal zu London, am Quartier Kensington, fir Concerten a soss Evenementer. Si ass ë. a. bekannt wéinst de Proms, eng traditionell Serie vu Concerten, déi zanter 1941 all Summer do opgefouert ginn.

D'Royal Albert Hall (2012)
Bannendran

Se ass den 29. Mäerz 1871 opgaangen an ass en Deel vun der nationaler Commemoratiounsplaz zu Eiere vum Albert vu Sachsen-Coburg a Gotha, dem Prënz-Consort vun der Kinnigin Victoria. Den zweeten – dekorativen – Deel vum Monument ass den Albert Memorial, deen direkt nërdlech vun der Hal an de Kensington Gardens steet.

D'Royal Albert Hall huet d'Form vun engem Réimeschen Amphitheater mat enger Kuppel drop, an ass am typesche Stil vun der viktorianescher Architektur. Ronn 9.500 Leit passen eran (7.000 Sëtzplazen an 2.500 Stoplazen). Se gëtt vum Royal Albert Hall Trust geréiert, eng Stëftung, déi keng ëffentlech Subside kritt.

Uergel änneren

D'Royal Albert Hall ass och bekannt fir hir grouss Concerts-Uergel, déi 1871 vum Henry Willismat mat 111 Regësteren op véier Manualer a Pedall gebaut gouf. Si war deemools déi gréisst vun der Welt. 1924–1933 gouf se vun Harrison & Harrison (Durham) reorganiséiert an op 146 Regëster erweidert. 2002–2004 gouf se komplett ofgebaut, gefléckt an nees reorganiséiert. Si huet haut 147 Regëster an iwwer 10.000 Päifen.

Soss änneren

Eng dezisiv Zeen vum Alfred Hitchcock sengem Film The Man Who Knew Too Much (1934), sou wéi och a sengem Remake mam selwechten Titel vun 1956, spillt an der Royal Albert Hall.

Um Spaweck änneren

Commons: Royal Albert Hall – Biller, Videoen oder Audiodateien