Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Rovinj [ˈrɔʋiɲ] (it. Rovigno, de. fréier Ruwein) ass eng Stad a Kroatien a läit un der Westküst vun der Hallefinsel Istrien. Si huet 14.234 Awunner (Stand: 2001), dovu gehéiere 16,74 % zur italieenescher Minoritéit.

Panorama vun der Alstad vu Rovinj

Geschichtlech gouf Rovinj fir d'éischt am 5. Joerhonnert als Castrum Rubini ernimmt a war fir d'éischt en Deel vu Byzanz, ier se vun de Langobarden, an du vun de Franken regéiert gouf. Vun 1283 un huet se zu Venedeg gehéiert an ass du kuerz opgebléit. Du gouf Rovinj en Deel vum Räich vun den Habsburger. Nom Zesummebroch 1918, vun Éisträich-Ungarn ass Rovinj mat Istrien zu Italie geschloe ginn. No dem Zweete Weltkrich koum d'Uertschaft 1947 bei Jugoslawien respektiv bei d'Deelrepublik Kroatien, déi zanter 1991 onofhängeg ass.

D'Alstad vu Rovinj ass u sech eng Insel. 1763 gouf d'Sträif tëscht der Insel an dem Festland opgeschott.

Lag vu Rovinj op der Kaart

Kuckeswäertes änneren

 
D'Stadportal vu Rovinj
  • D'Helleg Euphemia-Kierch, genannt no der chrëschtlecher Märtyrerin, déi uewen op engem Hiwwel dat charakeritescht Bild vu Rovinj dominéiert.
  • D'Uferpromenade mat hire Geschäfter
  • De Maart
  • D'Alstad
  • De Stadmusée, ee vun den eelsten am Mëttelmierraum

Literatur änneren

  • Christian Prager, Rainer Landeck: Kroatien. Zauberhafte Küsten und Inseln, Rosenheimer Verlagshaus, i. Oplo Februar 2007.

Fotogallerie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rovinj – Biller, Videoen oder Audiodateien