Rout Rommel

Planz a Geméis aus der Famill vun de Fuusseschwanzplanzen (Amaranthaceae)


D'Rout Rommel, Beta vulgaris subsp. vulgaris var. conditiva[1], ass eng Planz an e Geméis aus der Famill vun de Fuusseschwanzplanzen (Amaranthaceae).

Rout Rommel
Beta vulgaris vulgaris conditiva
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Caryophyllales
Famill Fuusseschwanzplanzen
Gattung Ronkelrommelen
Aart Ronkelrommel
Wëssenschaftlechen Numm
Beta vulgaris vulgaris var. conditiva
L., 1753

Ubau änneren

D'Rout Rommel gëtt am Summer direkt an de Buedem geséit. D'Rekolt ass am Hierscht bis zum éischte Frascht.

D'Rommelsméck (Pegomya betae) ass en Insekt dat seng Eeër ënner d'Blieder vun der rouder Rommel leet. D'Larve friesse Gänk duerch d'Blieder.

Gebrauch änneren

Meeschtens ginn déi rout Rommele gekacht. Si kënne waarm giess ginn, oder kal als Zalot. Et kann een och Jus dovu maachen. D'Stiller an d'Blieder kann ee wéi Päinetsch preparéieren. An Osteuropa gi se gär zu Zopp verschafft (Borschtsch).

Nom Iesse vu gréissere Portioune ka sech den Urin an d'Fäkalie iwwer eng kuerz Zäit rout fierwen, wat awer weider keng Auswierkungen huet.

Inhaltsstoffer änneren

D'Rout Rommel ass kalorienaarm (100g réi just 42 kcal) a liwwert vill Mineralstoffer, wéi Magnesium, Eisen, Koffer a Mangan, a Vitaminn wéi Folsaier. Si späichert kleng Quantitéite vu Nitraten, déi bei falscher Lagerung zu Nitrite ginn, déi gëfteg sinn. Bei staarkem Erhëtzen, virun allem beim Broden an der Pan, entstinn Nitrosaminen, déi kriibserregend sinn. Rout Rommele soll een dofir nëmmen eemol an dobäi net ze staark erhëtzen.

Referenzen änneren

  1. Lat. Beta = Rommel, vulgaris = gewéinlech, conditivus = fir anzemaachen.