Rout Bréck - Pafendall (Tramshalt)
Rout Bréck - Pafendall ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 10. Dezember 2017 opgaangen ass.
Standuert vun der Statioun | |
Typ | Tramshalt |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 10. Dezember 2017 |
genannt no | Pont grande-duchesse Charlotte, Pafendall |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Kierchbierg |
Koordinaten | 49°37'7,25"N, 6°8'11,04"O, 49°37'7,39"N, 6°8'13,81"O |
Reseau | |
Bedreiwer | LuxTram |
Reseau | Stater Tram |
Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Philharmonie / Mudam, Theater |
Lag vun der Statioun änneren
D'Statioun läit um westleche Wupp vun der Avenue John-F.-Kennedy am Quartier Kierchbierg vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statioune Philharmonie - Mudam am Osten an Theater am Westen.
aus Richtung | virdrun | Statioun | duerno | a Richtung |
---|---|---|---|---|
Findel Aéroport[1] | Philharmonie - Mudam | Rout Bréck - Pafendall | Theater | Stadion[1] |
D'Statioun ass no der Rouder Bréck bei där se läit an dem Nopeschquartier Pafendall, wou ee mam Funiculaire hifuere kann, genannt.
Infrastruktur änneren
D'Statioun huet 2 Gleiser mat engem zentrale Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.
Bei der Statioun gëtt et eng bikebox fir Vëloen ofzestellen, eng Vel'oH!-Statioun an et huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halt: Rout Bréck - Pafendall). Mam Funiculaire kënnt een an d'CFL-Gare Pafendall-Kierchbierg (Uschloss op d'CFL-Nordstreck).[2]
Biller änneren
Kuckeswäertes an der Ëmgéigend änneren
-
de Funiculaire fir an de Pafendall
-
d'Olizy-Kasematten
-
d'Iwwerreschter vum Fort Niedergrünewald
Um Spaweck änneren
Commons: Rout Bréck - Pafendall (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ 1,0 1,1 geplangt fir am Laf vun 2024 (cf Tronçon D | Luxtram.lu – Un tram pour la Ville de Luxembourg, gekuckt den 10. Juli 2023
- ↑ Le tram et les gares multimodales. fondskirchberg.public.lu (nogekuckt: 2023-10-23.