Roulette ass e Glécksspill dat a Casinoe gespillt gëtt. Et gëtt zwou Varianten: d'franséisch Roulette an d'amerikanesch Roulette.

Rouletterad
Den Asaz um Spillfeld
Franséisch Roulette
Spillfeld vun enger franséischer Roulette

D'Spill besteet dodran, datt eng Bëmmelche vun engem Croupier an e Rouletterad gehäit gëtt, en niddregen Zylinder mat 37 Haisercher ronderëm, dee sech an entgéintgesater Richtung dréint. D'Haisercher sinn duerchernee vun 0 bis 36 nummeréiert. De Spiller wett drop, datt d'Bëmmelchen op eng bestëmmt Zuel fält, andeems en um Spillfeld säin Asaz, Chipen oder Stongen, déi e bestëmmte Wäert hunn, op déi Zuel (oder Zuelekombinatiounen) um Spilldësch setzt.

D'Amerikanesch Roulette huet zwee Haisercher mat enger Null (0 an 00), deemno der 38 am Ganzen.

Et gëtt verschidde Méiglechkeeten, säin Asaz ze maachen: Et kann een op eng oder méi eenzel Zuele setzen. Wann déi Zuel oder eng vun deenen Zuele gewënnt da kritt een de Wäert vu sengem Chip 36-mol als Gewënn. Am anere Fall ass den Asaz verluer. Et gëtt och kombinéiert Asazméiglechkeeten, dann ass de Gewënn méi kleng:

Numm Plaz um Spillfeld Stéckzuel vun den Zuelen, op déi gewett gëtt Gewënn
(x-facht vum Asaz)
Remarken
Plein eng Zuel 1 35
Cheval op der Grenz vun zwou Zuelen 2 17
Transversale lénks oder riets vun 3 Zuelen 3 11
Transversale simple Kombinatioun vun Transversale a Cheval 6 5
Carré op der Grenz vu véier Zuelen 4 8
Colonne um ënneschte Bord vun enger Kolonn 12 2 Et kann een och op d'Zuelen 1-12 (12P), 13-24 (12M) oder 25-36 (12D) wetten
Colonne à cheval 24 1/2
Chance simple noir oder rouge,
pair oder impair,
manque oder passe
18 1