De Rotationsbou vun enger Galaxie beschreift den Zesummenhank tëscht hirer Rotatiounsvitesse an dem Ofstand vum Galaxienzentrum.

Rotatiounsbou vun enger Galaxie;
blo beschreift den Zesummenhank wou ugeholl gouf, gro ass den tatsächlech observéierten.

Duerch Observatioune vun der Doppler-Verrécklung a vu Spektrallinnen an de Stärespektren gouf an de 70er Jore festgestallt, datt d'Galaxië weeder wéi e starre Kierper (Rotatiounsbou: Urspronksfläch, gréng am Bild) nach wéi e Kepler-System (séieren Offall vum Rotatiounsbou no baussen hin; blo am Bild) rotéieren, wéi et vun engem gravitativ gebonnene System z'erwaarde wier.
A Wierklechkeet bleiwen d'Rotatiounsbéi vu ville Galaxien, och dee vun der Mëllechstrooss, laang konstant (flaache Rotatiounsbou; rout am Bild) - no engem Opsteigen a de bannenzege Beräicher, deen der Rotatioun vun engem starre Kierper entsprécht (gro am Bild).

Als Erklärung gëtt ugeholl, datt an de Galaxië méi Matière ass, wéi ee gesi kann. Dat hat zu der Hypothees vun der donkeler Matière gefouert.

Déi differentiell Rotatioun vun der Mëllechstrooss gëtt duerch d'Oort-Konstant beschriwwen.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie