Rossen Plewneliew

bulgaresche Politiker

De Rossen Assenow Plewneliew (och alt als Rosen Asenov Plevneliev transkribéiert, bulg.: Росен Асенов Плевнелиев); gebuer de 14. Mee 1964 zu Goze Deltschew a Bulgarien ass e bulgareschen Entreprener a Politiker. Hie war vum 22. Januar 2012 bis den 21. Januar 2017 President vu Bulgarien.

Rossen Plewneliew
Gebuer 14. Mee 1964
Gotse Deltsjev
Nationalitéit Bulgarien
Aktivitéit Politiker, Ingenieur, Entreprener
Famill
Bestuet mat Julijana Plevnelieva

De Plewneliew huet op der Technescher Universitéit zu Sofia Informatik studéiert, an déi Studien 1989 ofgeschloss.[1]

1990 huet hien d'Baufirma Iris International gegrënnt, an 1994 d'LinBulgaria GmbH., 1998 d'Lindner Iris Immobilien OOD als Deel vun der Lindner AG a Bulgarien.

Hie gouf 2009 Minister fir Regional Entwécklung an der Regierung vum Bojko Borissow.

2011 war hien de Spëtzekandidat vu senger Partei GERB fir d'Presidentschaftswalen a gouf den 30. Oktober 2011 am zweeten Tour gewielt.

Referenzen änneren

  1. Плевнелиев разкри, че в минал живот бил ирландска пастирка, Mediapool, 18. Dezember 2011

Um Spaweck änneren

Commons: Rossen Plewneliew – Biller, Videoen oder Audiodateien